Den Iesel war fréier d’Schaffpäerd vum klenge Mann, an e war vill méi heefeg bei äis zefannen, wéi haut. Mä an der leschter Zäit hëlt d’Beléiftheet vun deem Déier erëm zou, an et ass haut de Begleeder vun Individualisten, déi sech net schummen, fir sech mat hirem Frënd mat deene laangen Oueren an der Ëffentlechkeet ze weisen.
Den Iesel huet eng iwwerraschend Unzéiungskraaft op Jonk an Al, vläicht och, well en esou douce an esou gemittlech ass. Et ka bal näischt en aus der Rou bréngen.
Mir begéinen hien a ville Geschichten, Mäerecher an Erzielungen.
Den Iesel staamt aus méi waarme Regiounen, huet léiwer dréchent Wieder wéi dat naasst a kaalt, ass gutt ugepasst u moer Weed an ass ganz genügsam a sengem Fudder. Säi Pelz ass net fetteg a wann en am Reen steet, gëtt en naass bis op d’Haut. Duerfir sollen am Wanter a bei schlechtem Wieder en dréchene Stall hunn. En ass immens trëttsécher, och op schmuelen, stengegen e geféierlechePied.
An de südleche Länner, wéi Spuenien, Portugal, Griicheland, Türkei an déi Säit vumMëttelmier gëtt en haut nach vill als Aarbechtsdéier gebraucht.
Et gëtt eng Abberzuel vu Rassen. Déi bekannsten Iesele bei äis sinn déi gro mam Kräiz um Réck (âne normal). Do derniewent hu mervill hei am Land mat enger bronger Faarf, an, wat ganz rar ass, e ganz wäissen. Mat derZäit sinn se vill ënnerenee gekräizt ginn, soudatt ee sielen e rengrassegen Iesel fënnt.
A Frankräich si 7 Rassen unerkannt, vun deenen och e Stammbam gefouert gëtt: âne Bourbonnais, âne du Cotentin, âne Normand, âne de Provence, âne des Pyrénées, le Grand Noir du Berry en imposanten, grousse schwaarzen Iesel, an den âne du Poitou en Iesel, deen bal ausgestuerwe war an deen haaptsächlech geholl ginn ass, fir Mullie ze zillen.
– Et gëtt haut an Europa nach Arméien, déi an de Bierger net op d’Hëllef vun de Mullie verzichte kënnen.
– Déi Rass gëtt haut erëm gezillt, säi Bestand hëlt zou an et ass deen deiersten Iesel, deen een haut fanne kann.
Fir en Iesel ze halen, brauch ee je no Qualitéit vun der Weed 15 bis 25 Ar Wiss. E brauch kee speziellt Kraaftfudder, Gras am Summer an Hee am Wanter ginn him vëlleg duer.
Mä wéi d’Päerd, ass den Iesel och en Déier, wat léiwer mat aneren zesumme lieft, wéi ganz eleng.
Iesele si gewéinlech robust Déieren, wéineg ufälleg,mä si brauchen hir Pfleeg, wéi regelméisseg Entwuermen, Impfung géint d’Gripp, an natierlech Schneide vun dem Houf un de Féiss. Si gi prinzipiell net beschloen. Déi vill zitéierte Stuerheet vum Iesel huet e bestëmmte Grond. En Iesel ass immens virsiichteg. Hie bleift stoen, wann e fir sech eng Gefoer erkannt huet, en iwerleet, schätzt d’Gefoer an, a wann en se als net ze schlëmm erkannt huet ,geet e virun. Et kann een e bal ni derzou bréngen, fir géint säi Wëlle virunzegoen.
Mä wann e Vertrauen a säi Meeschter huet, geet e gäre mat him duerch Déck an Dënn. Et sinn Déieren, déi eng Himmelsgedold hunn a bal ni bei Kaméidi scheien, oder a Panik geroden, wann se mol erféiert ginn.
Wéinst hirer Douceheet sinn se prädestinéiert fir den Ëmgank mat Kanner. Si eegnen sech och, fir Therapië mat Leit zemaachen, déi mental Problemer hunn.
Als Fräizäitdéier ass den Iesel e wonnerbare Begleeder op Randonnéeën, net nëmmen, fir d’Gepäck ze droen, et kann een och op em reiden ( en Iesel packt säin eegent Gewiicht ), oder et kann een einfach mat him spadséiere goen.
Iesele kënnen zu hire Leit eng immens Frëndschaft an Unhänglechkeet entwëckelen, an et mécht scho Freed, wann ee muerges mat engem haarden IIIAAAHHH begréisst gëtt, wann een d’Fënsterlueden opklappt.
En Iesel ass e ganzt intelligent Déier, an déi meeschte Spréchwierder bezeien éischter d’Ignoranz an d’Dommheet vun de Leit. Si dinn den Ieselen Onrecht, wann et heescht:
Domm wéi en Iesel,
Als Iesel gebuer, als Iesel gestuerwen,
Wien den Iesel spillt, muss d’Säck droen,
Wann et dem Iesel ze wuel ass, geet en opd’Äis danzen,
D’Ieselsbänk, d’Ieselsbréck.
© 2011 Ieselsfrënn| All Rights Reserved.