Mat enger Dosen Ieselen se mer bei beschtem Wieder an d'Muttergottesoktave gepilgert.
An eiser wonnerschéiner Aalstad hun Touristen aus aller Welt an Einheimëscher eis Iesele bewonnert a bei der Kathedral guffe mer scho vum Weihbeschof Leo Wagener erward.
Hei huet och d' Renée Schmit mat enger Grupp Pilger op Drohtieselen geward an d'Ieselen (déi Lièweg an déi aus Metall) guffe geseent. Sie konnten dun ënnert de Käschtebeem hannert der Kathedral raschten a Gras frièssen während mir rem an der Krypta vun der Kathedral vum Weihbeschof eng wierklech schéin ièsëlzech Mass gehal kruten.
Duerno gung et dann awer och séier nach en Tierchen iwert de Märtchen an et gouf sech mat Nougat an Macarons agedeckt fir den Heemwee.
E grousse Merci dem Martine Cannivé a senger Famill fir di reibungslos Organisatioun an den uschléissende Kaffi a Kuch zu Dummeldeng. Mir freen eis schon op d'nächst Joer
Vun deser Wanderung huet RTL eng Reportage am Kader vum Summermagazin gemaach.
Hei ass de Link fir de Video:
https://play.rtl.lu/shows/lb/de-summermagazin-outdoor/episodes/r/3341337
Photos © Ieselsfrënn Lëtzebuerg 2017
organisée par nos membres belges Françoise et Didier Close:
14 ânes, dont 4 du G.D. de Luxembourg, ainsi que deux poneys étaient au rendez-vous pour une fameuse randonnée de deux jours dans les Ardennes belges autour de St. Vith.
Photos: Janine Maillet
© Ieselsfrënn Lëtzebuerg 2012
Photos: Janine Maillet
© Ieselsfrënn Lëtzebuerg 2012
© Ieselsfrënn Lëtzebuerg 2012