Net manner wi 11 Ieselen mat hire Mënschen, aus allen Ecker vum Land, sin de Moien zu Beggen zesummekomm fir vun do aus mateneen bei d'Tréischterin ze pilgeren.
Den Weihbëschof Leo Wagener huet eis zesumme mam Renée Schmit empfong an huet eis Ieselen virun der Kathedral geseent.
Duerno huet hien eis, wi all Joer, rem an der Krypta eng wierklech extra schéin Mass gehalen wu hien ëmmer rem besonnësch op d'Ieselen agang as.
Et war och nach genuch Zäit fir en Tierchen iwert den "neie Märtchen" ze trëppelen bis dann awer rem bemol Zeit gouf d'Ieselen rem prett ze mache fir de Rëckwee.
Schéin war et rem, trotz dene puer Drëppse Reen.
An déi di mat derbäi waren, wësse lo genau fierwat den Iesel "I-Ah" rifft ❤













