De Comité huet fir den 29.01.2023 eng Sortie bei d ́Marie Tack an
d ́Asinerie du Pays des Collines
(Château des Mottes 7911 Frasnes-lez-Buissenal – BELGIQUE) geplangt.
Do maan mir eng Visite vun der Asinerie an dono en Tour duerch hire Buttik, wou si Produiten (Seefen aus Ieselsmëllech ubidden.
Et si 40 Plazen am Bus,
All Member bezillt 35€ an huet dann d ́Mëttegeessen fräi. De Rest leet de Veräin bäi.
Oflaf vum Dag:
Départ : 8h30 zu Lëntgen Gare
12h00 Iessen
14h00 Visite vun der Asinerie
16h30 Abfahrt fir rem op Lëntgen
Mir iessen mëttes an engem Restaurant an et ginn 2 Menüer zur Auswiel(een
normalen an een vegetareschen). Wieder Infoen heizou kommen nach.
Bis dohin emol Léif Gréiss a bis geschwënn,
Freeën éis op äer Umeldungen.