Programm fir 2021

 

Mir hunn 4 Randonnéen geplangt fir 2021:

  • den 22. Mee bei Beetebuerg,
  • den 20. Juni zu Biekerech,
  • den 17. Juli zu Aasselbuer,
  • an den 22. August zu Alzeng.

D' Randonnée zu Biekerech ass geduecht als Randonnée gastronomique als Markéierung vum 20. Anniversaire vun den Ieselsfrënn Lëtzebuerg.

Et gin 2 Menüen fir 54 €, resp. 67 € proposéiert: Aperitif, Entrée, Haaptplat, Dessert, Softdrinks (och Personal an Transport) ausser dem Wäin.

Fir Memberen déi d’Cotisatioun bezuelt hunn ass et gratis, wann weider Leit mat gin, bezuelen se och eng Memberskaart.

Weider Eenzelheeten (Départ, Umellen a.s.w.) gin wi gewinnt virdrun matgedeelt.

 

Mir hunn d’Décisioun geholl, nit op der Foire agricole zu Ettelbréck derbäi ze sinn, haaptsächlech wéinst der Gefor mat dem neien Optrieden vum Herpesvirus bei verschidden Päerd.

 

Och um Intefest vun der Amicale vun de Pompjéën vun Ettelbréck si mer nit präsent aus deenen selwichten hygienesche Grënn.